Liesung gëschter Owend zu Uewerkuer
Déi Liesung gëschter war sëcherlëch een Highlight an de Liesungen well ech net geduecht haet, dass e Roman deen sech ob der Musel ofspillt, meng Lieser aus dem Minett esou interesséiert. De Kader am H2O zu Uewerkuer as super an d'Ausstellung "Eng Minettsgeschicht" vum Jhang Meis a Rol Steimes déi nach bis den 12. Mee ob ass, ass nëmmen ze recommandéieren.
Merci fir dee flotten Owend den Organisateuren, den Nolauschterer an menger treier Frendin Linda. Hei ennendrënner de Link vun wort.lu online, fir ALL meng "Leit", déi mech zënter hier ënnerstëtzen. Merci.
An der Fotogalerie och een Album mat e puer Billerimpressiounen zur Liesung vum gëschter Owend.
E ganz schéinen éischte Mee fir Iech all.
Äert Monique
http://www.mywort.lu/differdange/30277153.html?referrer=ic_dispatcher_news