Léif Alleguer,
E GROUSSE, GROUSSE Merci un Iech all, dass Dir mech esou ënnerstëtzt, an ech 2 Méint ënnert de beschten drei plazéiert sinn. Dir kennt mei Buch gäre recommandéieren als Chrëschtkado, et gëtt et jo an alle Librairien ze kafen. A villäicht pake mir och nach een 3. Mount ganz uewen. Géint Guillaume a Stéphanie hat ech jo dëse Mount keng Chance. Mee wien léisst dem Ierfgroussherzog a senger Fra net gär de Virtrëtt :-).
Fir deen, dee sei kaften Exemplaire wëll signéiert kréien, oder ee signéiert Exemplar wëll hunn, kann ee reservéieren a bei mir doheem ewechhuelen. Kontaktéiert mech iwwert "Kontakt" www.krimi.lu.
E schéine Kleesjendag un Iech all.
Monique Feltgen