ANNULEIERT .... ABGESAGT ... ANNULEIERT ... ABGESAGT

Neuer Termin folgt

Wann de Schnéi ons kee Stréch duerch d'Rechung mecht, dann ass et des Kéier souwäit:

 

Liesung zu Waasserbëlleg

Ech freeë mech op Iech.

 

Dënschdeg den 12. Mäerz 2013 um 19.30 Auer an der Musel-Sauer Mediathéik

(25 Grand-Rue, Wasserbëlleg)

 
nach oben | Geschrieben am 28.01.2013

 

 

De Schäfferot vun der Gemeng Steesel

an Zesummenarbecht mat der Kulturkommissioun

invitéieren op eng

musikalesch Krimi- Liesung am « Kulturhaus am Haff » zu Steesel (am Park)

mam Monique Feltgen

an dem bekannten Duo MillerMoaler

en Dënschdeg de 19. Februar 2013 um 20 Auer

----

 

D’Monique Feltgen stëllt hire lëschte Krimi „Verschwörung op der Musel“ fir

a liest aus hirem Roman „Endstation Steeseler Plateau“.

deen nei opgeluet ginn ass, an erëm ze kafen gëtt an alle Librarien,

an den Owend vun deser Liesung natirlech och.

------

 

Nieft dem Steeseler Lidd spillt den Duo MillerMoaler passend Lidder zum Owend.

 
nach oben | Geschrieben am 06.02.2013

 

!!! Good News !!!

De Roman "Endstation Steeseler Plateau" as am Drock!

Ab Februar rëm an de Librairien. Genauen Datum gëtt hei publizéiert.

 

 
nach oben | Geschrieben am 14.01.2013

 

Lëtzebuergerin vum Joer!

Wann dir dat och esou gesitt, dat wielt fir mech!

Alleng schonn dobäi sinn, ass eng Éier.

---------------------------------------------------------------

Text vum RTL Site:

Wie gëtt Lëtzebuerger a wie gëtt Lëtzebuergerin vum Joer 2012?

Dir hutt proposéiert an elo kënnt Dir decidéieren. A gewannen! Ënnert all deene Leit, déi sech aloggen a bis den 31. Dezember 2012 ëm 12 Auer mëttes hir Stëmm ofginn, verspille mir 1 Samsung Galaxy S III (Smartphone), 1 Samsung Galaxy Note II (Tabphone) an 1 Samsung Galaxy Note 10.1 (Tablet) offréiert vu P&T LUXGSM.

Aus iwwer 250 Proposen, déi mir vun Iech erageschéckt kruten, hu mir elo zweemol 15 real existéierend Perséinlechkeeten ausgewielt, fir déi Dir elo stëmme kënnt. De Bommeleeër berücksichtege mer eréischt, wann e bis fonnt ass ;-)

Fir ze wielen: Loggt Iech w.e.g. mat Ärem VIP-Login op RTL.lu an, maacht Äre Choix an da kënnt Dir beim „Lëtzebuerger“ a bei der „Lëtzebuergerin“ all Kéier bis zu 6 Stëmme verginn. Zum Beispill 3 Stëmme fir Äre Favorit, 2 fir Ären zweeten an 1 fir Ären drëtte Choix.

Wie bis den 31. Dezember (12h) déi meeschte Stëmme gesammelt huet, gëtt „Lëtzebuerger“ resp. „Lëtzebuergerin vum Joer 2012“ a kritt d’Goldmedail, deen Zweete kritt Sëlwer, deen Drëtte Bronze. D’Resultater gi mir den 1. Januar 2013 bekannt!

Vill Spaass beim Ofstëmmen, vill Gléck beim Gewannen ... an elo scho schéi Feierdeeg an e glécklecht Neit Joer!

 

http://news.rtl.lu/aktiounen/letzebuergervumjoer/voting_w/

 

 

 
nach oben | Geschrieben am 18.12.2012

 


 
nach oben | Geschrieben am 07.11.2012